Notre fameux Riesling Unplugged
Nos meilleurs séléctions de vin rouges bordelais, et italiens
(prix départ cave)
Vins exceptionnels à petit prix
Découvrir un Riesling des terasses de la Wormer Koeppchen pour mieux le comprendre et l'apprécier
2001 hunn Martine a den Serge Wagener Schmit dat eelsten Haus zu Wormer "a Meesen" kaaft a renovéiert. Beim Haus war och e klengen Wéngert vun 20 ar, den 2004 ausgehaaen ginn ass an dat Jaar drop mat Riesling ugesat ginn ass. Op deenen alen Terrassen hunn mir 5 verschidden Klonen vun Rieslingsplanzen duercherneen ugesat fir méi Komplexitéit an isen zukünftegen Wäin se kréien.
2007 haten mir dunn Geleeënheet nach 16 ar Riesling direkt an den Terrassen dabei se kréien . Munch vun deenen Riewen hunn iwwert 50 Jaar um Bockel a stinn an den Stécken. Den éischten Wäin konnt ausgebaut ginn an ass ënner dem Numm Cuvée de la République Libre de Clairefontaine verkaaft ginn an huet zu engem Konschtprojet vum Jerry Frantz am Kader vum Kulturjaar vun iiser Groussregioun.
Zanter dem gëtt den Wäin Unplugged ausgebaut , an esou naturgetrei wei méiglech se bleiwen.
Isen Riesling gëtt laang op der Hief leien gelooss esou dat en eng gewëssen Fëll kritt . De Wain ass seierbetount mat engem niedrechen am Alkoholgehalt.
Säin Aroma ass fruuchtech mat Aromen vun Pijen an wei et sech fir e Wäin vun der Koeppchen passt, mineralesch mat enger sortentypescher Pëtrolsnout. Dat ass den Garant vun engem héijen Lagerpotentiel beim Unplugged.
Riesling OPEN am Keller an der Erdkaul ( rue principale )
zu Wormer vun 14:00 bis 20:00
Suivez nous sur les réseaux sociaux!
L'alcool peut être dangereux pour la santé, buvez avec modération.
Tout nos prix sont hors livraison. (Départ Cave).
Les photos des produits proposées sur notre site peuvent différer du produit final.